HYPE recrute un(e) Social Media Manager & Content Creator en CDI au Luxembourg

HYPE Social Media Agency gouf 2018 gegrënnt an ass an de soziale Medien doheem. Vu Strategie, Copywriting, Influencer Marketing bis zur Kreatioun vu Content (Photo, Video an Audio) decke mir all Beräicher of.

Bei HYPE schaffen heescht, vill léieren, vill verschidde Projeten autonom begleeden a betreien a seng Carrière an d’Hand huelen.

Mir bidden:

En 40h CDI, eng fair Paye (mat Evolutiounschancen), eng Plaz an eise Büroen zu Crauthem a Bissen, en Abo am Fitness an e Paus-Knäppchen vu 4h Personal-Time pro Mount.

Mir sichen:

  • Du schwätz a schreifs perfekt Lëtzebuergesch, Englesch a Franséisch!
  • Du hues mindestens en ofgeschlossene Bac a Loscht op Carrière!?
  • Du bass Fan vun de soziale Medien an du hues och schonn éischt Erfarungen an der Kreatioun an am Editéiere vu Videoen!

Dat kléngt no dir?

Da setz dech elo hannert däi Computer a schéck eis däin CV an deng Lettre de Motivation op jobs@hype.lu