Le LSAP recrute un(e) Graphiste / Créateur(trice) de Contenu en CDI au Luxembourg

Du weess wéi ee Biller schwätze léisst… an Texter och? Dann hu mir en Job fir dech!

Du bass geléiert·e Grafiker·in, mee bass och gutt an der Content Creation:

  • Du kanns Content fir Social-Media – statesch an animéiert – produzéieren a beherrschs d’Adobe Creative Suite (Ps, Ai, Id, Pr, Ae).
  • Du hues eng spatz Fieder fir kleng Texter, Captions a Scripts ouni Clickbait mee – mat Substanz.
  • Du kanns Lëtzebuergesch / Däitsch / Franséisch a kriss keng Panik wann s du tëscht de Sproochen hin an hir sprange muss.
  • Du hues en A fir Ästhetik, Layout, Hierarchie, Typo, Brand Kohärenz – a weess wéini een d’Reegelen intelligent briechen dierf.
  • Du interesséiers dech fir politesch Aktualitéit, hues e kritesche Geescht, kanns nuancéieren a Kontext ginn – an anere Wierder: du bass net am „Hot-Take“-Autopilot.
  • Du laachs gär a vill.
  • Du fënns eng gutt Balance tëschent rouegen a méi stressege Momenter.

Wat s du bei eis méchs: 

  • Visuell Gestaltung fir Web, Social Media a Print. 
  • „Out of the box” Content-Iddie mat der Ekipp entwéckelen. 
  • D’visuell Identitéit opfrëschen an duerno drop oppassen, datt d’Charte respektéiert gëtt. 
  • E bësse redaktionell Aarbecht: Hooks, kuerz Texter, Scripts, Punchlines, erkläerend Formater. 
  • Séier schaffen (wann et muss sinn) a gutt schaffen (ëmmer). 
  • Reegelméissegen Austausch mat den Attachéen an Deputéierten.  
  • Vill iwwert d’Politik, de politeschen Alldag an d’Aarbecht vun an an der Chamber léieren. 

Wat mir dir bidden: 

  • Eng anstänneg Pai an eng berufflech Perspektiv. 
  • Eng 38-Stonne-Woch, Homeoffice a flexibel Aarbechtszäiten. 
  • Eng Plaz wou Kreativitéit an deng Meenung gefrot ass. 
  • Aufgaben a Projeten déi Kapp verlaangen. 
  • Eng Ekipp déi eng spontan gutt Iddi léiwer huet wéi nach eng Reunioun vun enger Stonn. 

Wat s du eis schécke muss, op lsap@chd.lu:  

  • Däi Portfolio mat eegene Beispiller vu Social-Contenuen.
  • An, wann s de wëlls Punkte sammelen: e Post (Visuell + Caption) iwwer e Sujet aus der Aktualitéit – Versioun „informéiert, kritesch, mat engem klenge Grinsen“.
  • Schreif eis och ween s de bass, firwat s de gutt bass a firwat mer grad Dech sollen astellen.