Du weess wéi ee Biller schwätze léisst… an Texter och? Dann hu mir en Job fir dech!
Du bass geléiert·e Grafiker·in, mee bass och gutt an der Content Creation:
- Du kanns Content fir Social-Media – statesch an animéiert – produzéieren a beherrschs d’Adobe Creative Suite (Ps, Ai, Id, Pr, Ae).
- Du hues eng spatz Fieder fir kleng Texter, Captions a Scripts ouni Clickbait mee – mat Substanz.
- Du kanns Lëtzebuergesch / Däitsch / Franséisch a kriss keng Panik wann s du tëscht de Sproochen hin an hir sprange muss.
- Du hues en A fir Ästhetik, Layout, Hierarchie, Typo, Brand Kohärenz – a weess wéini een d’Reegelen intelligent briechen dierf.
- Du interesséiers dech fir politesch Aktualitéit, hues e kritesche Geescht, kanns nuancéieren a Kontext ginn – an anere Wierder: du bass net am „Hot-Take“-Autopilot.
- Du laachs gär a vill.
- Du fënns eng gutt Balance tëschent rouegen a méi stressege Momenter.
Wat s du bei eis méchs:
- Visuell Gestaltung fir Web, Social Media a Print.
- „Out of the box” Content-Iddie mat der Ekipp entwéckelen.
- D’visuell Identitéit opfrëschen an duerno drop oppassen, datt d’Charte respektéiert gëtt.
- E bësse redaktionell Aarbecht: Hooks, kuerz Texter, Scripts, Punchlines, erkläerend Formater.
- Séier schaffen (wann et muss sinn) a gutt schaffen (ëmmer).
- Reegelméissegen Austausch mat den Attachéen an Deputéierten.
- Vill iwwert d’Politik, de politeschen Alldag an d’Aarbecht vun an an der Chamber léieren.
Wat mir dir bidden:
- Eng anstänneg Pai an eng berufflech Perspektiv.
- Eng 38-Stonne-Woch, Homeoffice a flexibel Aarbechtszäiten.
- Eng Plaz wou Kreativitéit an deng Meenung gefrot ass.
- Aufgaben a Projeten déi Kapp verlaangen.
- Eng Ekipp déi eng spontan gutt Iddi léiwer huet wéi nach eng Reunioun vun enger Stonn.
Wat s du eis schécke muss, op lsap@chd.lu:
- Däi Portfolio mat eegene Beispiller vu Social-Contenuen.
- An, wann s de wëlls Punkte sammelen: e Post (Visuell + Caption) iwwer e Sujet aus der Aktualitéit – Versioun „informéiert, kritesch, mat engem klenge Grinsen“.
- Schreif eis och ween s de bass, firwat s de gutt bass a firwat mer grad Dech sollen astellen.









