Le Média de service public 100,7 recrute un(e) Expert(e) Marketing en CDI au Luxembourg

Fir dech ass Marketing kee Bauchgefill, mä eng kloer Strategie mat Resultater, déi sech moosse loossen?

Ob en neie Podcast oder eng grouss Kampagne, du frees dech direkt: Wien hu mir erreecht? Wien net? A firwat? Fir dech sinn Date keng dréchen Tabellen, mä e Wee fir de Public, an deem sengem Déngscht mir stinn, besser ze verstoen a besser ze erreechen.

Du bass beim MSP 100,7, als Deel vun eiser Ekipp fir digital Distributioun, zoustänneg fir d’Gestioun vun eisen Analytics-Toolen fir eis Websäit, mobillen Appe ab Drëttplattformen. Du interesséiers dech fir d’Méiglechkeeten, déi AI am Marketing an an der Kommunikatioun bitt an iwwerhëls gären d’Roll vum Early Adaptor vun neien Toolen. Du hues Freed drun, Marketingprojeten ze plangen an ëmzesetzen, schaffs gäre strukturéiert a behäls den Iwwerbléck.

Wéi stäerks du d’Ekipp?

Du bréngs belaaschtbar Analysen mat an d’Diskussioun, wann et drëm geet, an der Ekipp nei Inhalter ze entwéckelen, Kampagnen an Optrag ze ginn oder de Responsabele vun de Programmer Feedback ze liwweren. Du erkenns Trends a liwwers Verbesserungsvirschléi an der Offer a Relatioun mat den Ziler vum Service public.

Wourop s du dech verloosse kanns

Du gëss Deel vun enger dynamescher a polyvalenter Ekipp. Du wierks aktiv un eiser Marketingstrategie an eisem Audience Development mat. Mir bidden dir en Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) an e Salaire mat attraktive Perspektiven. An et vergeet kaum eng Woch, bei där s du net eppes Neies léiers oder u spannenden Projete schaffs.

Bereet fir den nächste Schrëtt?

Da schéck eis deng Kandidatur bis den 25. September 2026 op rh@100komma7.lu.

Am Fall vun engem Rekrutement muss e Casier judiciaire (Nummer 3) virgeluecht ginn.

Média de service public 100,7
21a , avenue J.F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
100komma7.lu / www.opus.radio